2019 Zëmmer mat Häerz

De Gilbert huet alles fir glécklech ze sin. Hien huet en Fra, e Jong an ass Patron vun enger erfollegräicher Luxusauto-Garage.

Hien ass just amgang sech prett ze maache fir e gemittlechen Owend ze verbréngen. Säi Besuch as schon ënnerwee. Mee grad haut steet d’Laura, eng fréier dichteg Stagiaire virun der Dier, dat onbedéngt vum Gilbert agestallt wëll gin. Fir dat ze erreechen huet hatt sou munch gemeng Tricken op Lager, déi de Gilbert virun eng Partie Erausfuederunge stellen. Séng Wunneng fëllt sech lues a lues mat ongebiedenem Besuch, Familljememberen, Bekannten a Persounen déi sech net iwwer de Wee lafe sollen. An esou huet de Gilbert all Hänn voll ze dinn, fir dass den Owend net an enger Katastroph endegt.

Geléngt et dem Gilbert säin Owend nach ze retten?

Huet d’Stagiaire Erfolleg a gëtt agestallt?

Gëtt de Gilbert den ongebiedene Besuch lass…an ouni dass déi Falsch sech iwwert de Wee lafen?