Iwer eis

Eise Veräin ass 2007 vun e puer theaterverréckten Eltere gegrënnt gin no der Feststellung dass an der ganzer Käler Géigend keen Theaterveräin spezifesch Virféierunge vu Kanner programméiert huet. Well Theaterspillen fir d’Entwécklung vun de Kanner immens positiv ass an si gär mat Kanner zesummeschaffen, hunn si kuerzerhand entscheet en Theaterveräin fir Kanner ze grënnen. D’Artistekëscht war gebuer.

Am Laf vun der Zäit wéi des kleng Theaterspiller ëmmer méi grouss goufen, sinn da spezifesch Stécker fir méi Grousser a Jugendlecher derbäi komm.

Fir d’Veräinsliewen da komplett ze maachen, hunn déi Erwuesse vum Veräin decidéiert ebenfalls Virféierungen ze programméieren, fir Geld an d’Keess ze kréien, well bei de Produktiounen vum Kannertheater vill Geld néideg ass, wéinst deene ville Actricen an Acteuren déi kostüméiert musse ginn, d’Dekoren, Geliits, asw.

Mir sinn also mat de Joren e grousse Veräi gin, woubäi dass bei ville Produktiounen Deeler vun engem Altersgrupp an anere Produktioune mathëlleft.

Mir hunn also bei eise Produktiounen de grousse Virdeel, dass all Roll vum Alter hier adequat besat ka gin.

Dëst ass net nëmmen op der Bühn vu Virdeel, mee suergt och fir vill Zesummenhalt tëschent deene verschiddenen Altersgruppen.

Bei eise Produktiounen handelt et sech meeschtens em Eegeproduktiounen oder an d’Lëtzebuergescht adaptéiert Stécker.

Mir sinn also houfereg op dat wat mir erreecht hun an hoffen Iech weiderhin mat qualitative gudde Stécker verwinnen ze kënnen.

D’Membere vun der Artistekëscht.