Memberberaich FAQ
Wuerfir as de Login gutt?
All Member verbënnt sech mat sengem egene Usenumm. Doduerch kritt hien gewësse Rechter déi en Betruechter net huet.
Zum Beispill hues du duerch däi Login Recht d’Mediathéik vun all Stéck ze besichen an d’Fichierën unzekucken oder ze downloaden.
Wat kann ech nach machen?
De Site as am Moment an enger Entwéckelongsphase. Et entstinn no an no verschidde Funktiounen.
Wéi kann ech mäi Profil personaliséieren?
Fir Profilbiller héichzelueden, muss du oppassen dass déi Biller net méi wéi 100kb grouss sin. Du kanns e Bild vun dir an en Hannergrondbild héichlueden wéi bei déngen üblechen Social Media Ubidder. Däin Hannergrondbild muss mindestens 640 Pixel breed sin.
Ech hun eng Propose, wéi soll ech dat bekanntmachen?
Super. All Propose wéi dese Site ka méi attraktiv gemach gin as wëllkomm. No Méiglechkeet gëtt dat dann sou séier wéi méiglech ëmgesat.
Fir eis déng Iddi matzedeelen, kontaktéier eis iwer den übleche Wee, oder iwwer webmaster@artistekescht.lu

