
Iwwer Eis
Wëllkomm bei der Artistekëscht Käl-Téiteng asbl
Eise Veräin ass 2007 vun e puer theaterverréckten Eltere gegrënnt ginn, no der Feststellung, dass an der ganzer Käler Ëmgéigend keen Theaterveräi spezifesch Virféierunge mat Kanner programméiert hätt.
Well Theaterspille fir d’Entwécklung vun de Kanner immens positiv ass an si gär mat Kanner wollten zesummeschaffen, gouf kuerzerhand entscheet en Theaterveräi fir Kanner ze grënnen. D’Artistekëscht war domat gebuer!
Am Laf vun der Zäit, wéi des kleng Theateropféierungen ëmmer méi Succès kruten, sinn och Stécker fir méi Grousser a Jugendlecher an de Programm opgeholl ginn.
Fir d’Veräinsliewe komplett ze maachen, hunn dunn och déi Erwuesse vum Veräin decidéiert, sech selwer op d'Bün ze stellen an Theater ze spillen, fir d’Keess opzefëllen. Zemools d'Produktioune fir de Kannertheater sinn deier, well vill an d'Kostümer an an d'Bünebild muss investéiert ginn.
Mir sinn am Laf vun de Joren ëmmer méi gewuess. Well mer antëscht vill Actricen an Acteuren an eise Reien hunn, hu mer bei all eise Produktiounen de grousse Virdeel, dass all Roll vum Alter hier adequat besat ka ginn. Dëst ass net nëmmen op der Bün vu Virdeel, mä suergt och fir ee groussen Zesummenhalt tëscht deene verschiddenen Altersgruppen.
Bei all eise Produktiounen handelt et sech meeschtens em Eegeproduktiounen oder Stécker déi op Lëtzebuergesch adaptéiert ginn.
Mir sinn houfereg op alles, wat mir iwwert déi ganz Zäit erreecht hunn an hoffen Iech weiderhi mat qualitative gudde Stécker begeeschteren ze kënnen.
Är Artistekëscht Käl-Téiteng
Eis Jugend






